Léiwe Patient,
Dir sidd viru Kuerzem vun Ärem Etablissement de soins oder vun engem habilitéierte Gesondheetsberuffler an den nationale System fir télémedezinnesch Betreiung COVID19 opgeholl ginn.
Dir kritt Zougang op Äre Konto, andeems Dir d’Informatiounen agitt, déi Dir per E-Mail iwwert d’Adress no-reply@maela.fr kritt hutt (iwwerpréift w.e.g. Äre Spam) a kënnt op Äre private Beräich zougräifen, andeems Dir op de Link klickt deen ënne steet.
Wann Dir Problemer hutt, kënnt Dir d’Hotline vum Helpdesk ënnert 27 12 50 18 33 uruffen oder
Mir wënschen Iech eng gutt Besserung.
Maela as d’Léisung fir den ausgeschafftenen Télésuivi op lëtzebuergeschem Terrain am Kader vun der aktueller Covid-19 Kriis. Den Télésuivi as dat bescht Mëttel fir d’Gestioun vun der Kriis ze sécheren an d’Verbreedung vum Virus an den Gesondheetsstrukturen ze limitéieren, an dat andeems Dir en Suivi hut vun den qualifizéierten professionnellen Dingschtleeschter. Andeems Dir dëst notzt, drot Dir zu engem gemeinsamen Fortschrëtt bei.
Dës Léisung erlaabt Iech, wann Dir emol vun engem Gesondheetsdingschtleeschter en charge geholl gin sid, op Distanz suivéiert ze gin, an all Sëcherheet iwert d’Plattform vum Ministère de la Santé an déi eventuell Néidegkeet vun Hëllef oder eng eventuell Verschlechterung vun aerem Zoustand ze erkennen.
Den Suivi besteet haaptsächlech doraus, Iech op alldeeglecher Manéier ze entwerten, an en kuurzfristegen medizineschen Suivi ze garantéieren. Am Fall vun engem Problem, git Dir vun engem Gesondheetsdingschtleeschter kontaktéiert.
Maela begleet Iech bei aerer Genesung doheem.